DE
FR
LG

Hellëf, mir sinn an der Trotzphas!

Méi Liichtegkeet am Alldag fannen

Nieft der Pubertéit ass d’ ”Trotzphas”, besser och “Autonomiephas” genannt, eng vun den fuerdernsten Zäiten fird’Liewen vun den Elteren. An dësem Infoowend fir Elteren/Elterendeel/Grousselteren geet et drëms d’Emotiounen a Reaktiounen vun de Kanner zwësche 2 a 6 Joer besser ze verstoen an en aneren Ëmgang domat ze fannen. Et gëtt souwuel en theoreteschen Abléck an d’emotional Entwécklung vum Kand wéi och praktesch (Kommunikatiouns-)tipps fir konkret Situatiounen ugeschwat. Mir sichen zesummen no Äntwerten op Froen wéi: Wouhin mat all den Emotiounen? (beim Kand wéi och bei mir) Wéi reagéieren ech elo am beschten? Wisou lauschtert mäi Kand net op mech a wéi kréien ech et dozou? Zesummefaassend: Wéi kommunizéieren a verhalen ech mech, fir dat d’Kooperatiounsbereetschaft bei mengem eegewëllegen Kand méi grouss ass a mir a gudder Bindung mateneen bleiwen.

SCHAULS-STEFFEN Tiana

Dipl. Psychologin (M. Sc.) | Systemische Therapie / Familientherapie | Emotionsfokussierte Paartherapie (EFT) i.A. | Kinderyoga-Lehrerin

Informationsabend:

16. Oktober 2023

Mé. 20 - 22 Uhr

online via Zoom

 

Kostenbeitrag:

gratis

 

Referentin:

Tiana Schauls-Steffen

 

Anmeldeschluss:

09. Oktober 2023