deutschfranzösisch

Kannergrupp
„Wann d’Mamm an de Papp sech trennen“

een Hëllefsgrupp fir Kanner an Trennung- a Scheedungssituatioun

Mir bidden e Grupp fir Kanner am Alter tëscht 6 a 12 Joer, deenen hier Elteren getrennt/gescheet oder an der Trennung/Scheedung sinn.

kanner
An dësen aktiven Atelieren bidde mir de Kanner d’Méiglechkeet via gezielten Aktivitéiten a Spriechronnen, sech mat hirer Situatioun auserneen ze setzen an hier Gefiller aus ze drécken.

An dësen Atelier’en fokusséieren mir eis op verschidden Themen ewéi:
  • Onsécherheet an Ängschten,
  • Scholdgefill a Loyalitéitskonflikt,
  • Roserei an Trauer,
  • Ongerechtegkeet an Ohnmacht,
  • Vermëssen vun engem Elterendeel…
De Grupp gëtt an engem Zyklus vun 6 Sëtzungen ugebueden.
D’Atelier’en fannen ëmmer Dënstes vun 16 bis 18 Auer am Familljen-Center zu Bouneweg statt.
Mir leeën grousse Wäert op d’Zesummenaarbecht mat den Elteren:
Dofir bidde mir virum Start vum Grupp en Info-Owend fir d’Elteren un. Hei gëtt d’Konzept vum Grupp am Detail erklärt an op d’Froen vun den Elteren agaang.

Zum Schluss vun deenen 6 Atelier’en wäerte mir och den Elteren an Eenzelgespréicher e Feedback ginn an d’Méiglechkeet bidden fir op weider Froen an eventuell Suergen anzegoen.


Marc Bressler, dipl. Psychologe, systemische Therapie / Familientherapie, Erlebnispädagoge.
Informationsowend
fir Elteren:

03. März 2020

vun 18 - 19 Auer

Atelier'en fir Kanner:
(6 Treffen)
10.; 17.; 24. +
31. März;
21.+ 28. Abrëll 2020


ëmmer Dë. vun
16 - 18 Auer

am Familljen-Center
zu Lëtzebuerg-Bouneweg
Käschtenbäitrag:
50 € pro Famill

(inkl. Infoowend, Atelieren, Elteregespréich)
Referent:
Marc Bressler
Umeldeschluss:
28. Februar 2020