Versteesdemech

Wat mir soen, wéi mir schwätzen, wou mir schwätzen, wéi laang mir schwätzen a villes méi huet Afloss drop, wéi an ob mir eis verstinn, an ob mir eis verstane spieren. Grad an eisen enke Bezéiungen : zum Beispill an eiser Partnerschaft, an eiser Famill oder mat eise Frënn siche mir Verständnis a versichen deen aneren ze verstoen. Wéi kann ech derzou bäidroen datt den Austausch besser klappt ?

Unhand vun Austausch, theoreteschem Input a prakteschen Übunge beschäftege mir eis bei dësem Workshop mat de Bedierfnesser vun sech selwer a vun den aneren (z. B. duerch Selbstreflexioun; der Lenkung vun eiser Opmierksamkeet op Signaler vu sech selwer a vun den aneren, aktives Zuhören). Awer mir froen eis och, wéi mir eis eege Kommunikatiounsstrategien analyséieren a fërdere weider entwéckele kënnen. Et geet dobei  ëm Theme wéi z.B. di gewaltfräi Kommunikatioun ; wéi iwwer Gefiller schwätzen ; Kommunikatiouns regelen ; Feeleran der Kommunikatioun ; Manipulatioun an der Kommunikatioun ; Zil orientéierung vum Gespréich; Léisungen/Kompromësser zesumme sichen ; verbal, paraverbal annonverbal Kommunikatioun.

Motto : méi kompetent kommunizéieren fir sech besser ze verstoen/ zesummen ze liewen !

URBANICOVA Zuzana

Mag. rer. nat. Psychologin | Psychothérapeute|Systemische Therapie / Familientherapie

SCHWAGER-PEREZ, Christian

Dipl. Psychologe

20. September;

10. November 2021;

17. Januar 2022

von 17 - 19 Uhr

im Familljen-Center

in Luxembourg-Bonnevoie

Kostenbeitrag:

5 € pro Sessioun

Leitung:

Zuzana Urbanicova

Christian Schwager Perez

Anmeldeschluss:

15. September 2021

05. November 2021

12. Januar 2022