DE
FR
LG

Raus aus dem Burnout Parental

Är Eltereroll mécht iech midd?

Zäit mat äre Kanner ze verbréngen mécht iech keng Freed méi?

Dir hutt Angscht eleng mat ärem Kand ze sinn?

Dir hutt d’Gefill schlecht Elteren ze sinn?

Dir sidd net eleng!

Et gi Léisungen: Zum Beispill e Workshop iwwer 8 Seance fir d’Symptomer vum Burnout parental ze reduzéieren oder fir datt et net sou wäit kënnt.

An engem séchere Kader kënnt dir engersäits aner Elteren begéine fir iech auszetauschen, anerersäits kritt dir Propose fir iech z'ënnerstetzen a rëm Freed an ärer Eltereroll z'empfannen.

De Workshop ass Deel vun engem therapeutesche Programm, dee vun der Université Catholique de Louvain tëschend 2015 an 2018 getest gin ass, an deem seng Resultater wëssenschaftlech nogewise sinn. Elteren déi un dësem Programm deelgeholl hunn, konnten hire Cortisolsniveau no 3 Méint ëm 50% reduzéieren.

Dëse Workshop ass eng Kooperatioun tëschend dem Familljen-Center an dem Centre pour Femmes, Familles et Familles monoparentales vun der asbl Femmes en Détresse.

No items found.

Workshop:

21 an 28 März ; Donneschdeg 21 Abrël; 02; 16. an 30. Mee;

13 an 27 Juni 2022

emmervun 10 à 12 Auer

am Familljen-Center zu Luxembourg-Bonnevoie

an iwer zoom.

Tarif :

50 €

Leedung :

Lis Thomé

Noémie Gleis

délai d’inscription :

07 Mäerz 2022